FAQ

Wat kascht d´Abonnement?

Mir froen Dech 29,00 Euro de Mount. No 12 Méint fält de Präis op 24,00 Euro de Mount.

Däin 1. Mount kascht 99 Euro. An deem Präis ass de komplette Package un Equipement, d´Liwwerung bei Dech Heem an den Abonnement vum éischte Mount mat dran.

D´Equipement gehéiert duerno Dir, och falls Du Däin Abonnement géings kënnegen.

All d´Präisser sinn TTC.

Wat ass am Package vum Equipement dran?

Du kriss dräi Minibands an dräi verschiddene Stäerkte vun eisem Partner Flexvit. E Slider vun eisem Partner 6-Directions.

Dräi Superbands an dräi verschiddene Stäerkten, inklusiv Door Anchor fir d´Optioun d´Superbands un enger Dier befestegen ze kënnen. Véier Markéierungshittercher.

Alles an engem AFORM Gym-Bag.

Mir garantéieren eng Top-Qualitéit vum Equipement. Alles zu engem Präis deens Du esou net wäerts kréie wann s Du alles géings eenzel a selwer bestellen. D´Equipement gehéiert duerno Dir, och falls Du Däin Abonnement géings kënnegen.

Wéi laang leeft mäin Abonnement?

Du hues d´Méiglechkeet Däin Abonnement zu all Moment ze kënnegen. Et gëtt keng Mindestlafzäit an Du hues keng Verflichtungen.

Kann ech eng Paus maachen a mäin Abonnement stoppen?

Jo, Du kanns Däin Abonnement zu all Moment stoppen. De Mount dee bezuelt ass hues Du natierlech weiderhin Accès op d´Plattform an de ganze Contenu. Dat heescht wann s Du zum Beispill de 4. Januar bezils, an den 14. Januar Däin Abonnement stopps. Dann hues Du weiderhin de vollen Accès bis de 4. Februar.

No 12 Méint fält de Präis vun Dengem Abonnement op 29,90 Euro de Mount. Deng Méint gi fir de Fall wou s Du Däin Abonnement stopps net verluer. Dat heescht wann s Du 3 Méint dobäi waars an dann eng Paus mëss, respektiv Däin Abo stopps. Fänks Du duerno direkt bei Dengem 4. Mount un wann s Du Däin Abonnement rëm aktivéiers.

Fir de Fall Du wëlls Däin Abonnement komplett läschen, schéck eis w.e.g. eng Email op office@aform.lu

Du bass dir net sëcher ob deng Internetverbindung gutt ass, oder d´Videoe bleiwen hänken?
Op der Internetsäit www.speedtest.net kanns du deng Verbindung testen. Géi einfach op déi Säit a klick op „Go“.

Fir de Fall wou deng Verbindung net gutt genuch ass, hues du d´Méiglechkeet de Video an enger manner gudder Qualitéit ze streamen. Klick dofir am Video ënne lénks op d´Astellungen. All Training gëtt dir automatesch mat enger héijer Opléisung an enger top Qualitéit gewisen. Du hues awer d´Méiglechkeet op 720p oder op 480p ze wiesselen. Esou kanns du de Video och mat enger manner gudder Internetverbindung kucken.

Mir recommandéieren dir awer ëmmer eng Wifi Connectioun ze hunn fir vun enger idealer Qualitéit vum Bild ze profitéieren.